SATI GO ROUND

IWWERT EIS

Mir sinn SatiGoRound, eng Kannerattraktiounsspiller Locatioun Firma zu Lëtzebuerg.

DEN
GRËNNER

Moien! Mäin Numm ass Kartik Sati. Ech sinn de Grënner vu SatiGoRound and dat heiten ass meng Geschicht.

Wou ech 12 Joer al war, huet mäi Papp säin éischte mobilen Iessstand opgemaach an un déi Joren duerno erënneren ech mech nach ganz genau.

 

Vu Kiermes zu Kiermes reesen an zwëschent de ville Faarwen, der Musek a sou ville gutt gelaunte Mënschen grouss ze ginn, hat ee riisegen Impakt op mech an huet mer gehollef erauszefannen, wen a wat ech wëll sinn, wann ech grouss sinn.

 

Esou koum et dozou, dass ech mat nëmmen 19 Joer SatiGoRound gegrënnt hunn. Op dës Aart a Weis verdéngen ech mäi Liewensënnerhalt, andeems ech dat man, wat mech passionéiert säit ech kleng sinn a wat de Leit ee Laachen an d’Gesiicht zaubert. Ech hoffen Iech gefällt dat, wat ech maachen, genau sou gutt wéi mir.

EIS
GESCHICHT

EIS
GESCHICHT

Mir si SatiGoRound a mir sinn eng zu Lëtzebuerg baséiert Firma, déi Karusseller an aner Kannerspiller verléint.

Am Joer 2013 hu mir als Forainen ugefaangen an hunn eis Spiller op all deene verschiddenen nationale Fester a Kiermessen, wéi den Oktavemäertchen, de Chrëschtmaart an natierlech och d’Schueberfouer, opgeriicht.

Deemools, laang éier SatiGoRound gegrënnt war, sinn ëmmer erëm Leit eis froe komm, ob mir eis Spiller och fir privat Partyen oder Events verléine géifen. Um Uffank war dat nach keng Optioun fir eis, mee mir hunn d’Potenzial vun där Idee awer erkannt.

Kuerz duerno, am Joer 2014 fir genau ze sinn, huet dunn dat eent zum anere gefouert a SatiGoRound gouf gegrënnt.

Mir hunn een Team zesummegestallt an hunn e puer nei Spiller an eis Sammlung opgeholl, bis mer endlech prett waren se fir all Aart vun Event, Party, a Festival ze verléinen.
An elo si mer stolz, soen ze kënnen, dass mer dee gréisste Betrib zu Lëtzebuerg sinn, dee Karusseler an aner Spiller verléint. No all deene Joren am Geschäft kënnt Dir gudde Gewëssens op d‘Qualitéit vun eise Servicer an eisem Material vertrauen.

E grousse Virdeel fir Iech als Client ass, dass dir d’Spiller zu engem fixe Präis léint. Dat heescht, wärend där Zäit, wou d’Spill bei Iech opgeriicht ass, kënne sou vill Ronne gefuer ginn, wéi Dir bzw. Är Kanner wëllen, ouni Limite.

A mir kënnen Iech garantéieren, dass, wann Dir Reklamm dofir maacht, méi Leit – besonneg Elteren a Familljen – op Äert Event wäerte kommen, well se sech kënne sécher sinn, dass hir Kanner sech wäerten ameséieren.

An esou funktionéiert et: Dir sicht Iech een oder méi Spiller op eiser Website aus, déi dir wëllt fir äert Event léinen.

Dir kënnt eis via Telefon oder E-Mail kontaktéieren, fir eis all déi néideg Informatiounen, dat heescht de genauen Datum an d‘Auerzäiten, d’Plaz an d’Aart vum Event, matzedeelen.

Op dëser Basis maache mir Iech een Devis, dee mir Iech zeréckschécken, a wann der domat averstan sidd, këmmere mir eis ëm den Transport, den Opbau an d’Bedreiwe vum Spill an hëllefen esou, Äert Event zu engem groussen Erfolleg ze man!

WAT DIR
SOSS NACH WËSSE MUSST

ENTRETIEN

Sécherheet ass eis héchste Prioritéit an de regelméissegen Entretien ass en essentiellen Deel dovunner. Dohier maache mir zwee mol am Joer eng grëndlech Revisioun vun all eise Spiller.

i

PABEIEREN & CERTIFICATEN

Jiddereent vun eise Karusseller huet seng eege Versécherungspabeieren & Luxcontrol-Certificat, déi mer Iech op Ufro gären iwwerreechen.

PERSONAL

Eist Personal besteet aus ausgebilte Karussell-Bedreiweren an dëst garantéiert Iech ee séchert a professionellt Ëmfeld.

PRÄIS

De Präis gëtt op Basis vun 3 verschiddene Facteure gerechent: D’Plaz, wou ären Event stattfënnt, d‘Spill(er), déi Dir auswielt, an d’Zäit, wéi laang der et/se wëllt léinen.