JUNGLE TOUR

Jungle Tour ass eist berühmtest Karussell, dat Dir sécherlech um Oktave-Mäertchen, um Chrëschtmaart oder op der Schueberfouer scho gesinn hutt, a wou et säit 2014 all Joer opgeriicht war. An deem nämmlechte Joer war et vu „Park Rides Lamborghini“ gebaut ginn. Dëst Spill gefällt Leit vun all Alter, net just Kanner!

Hiersteller : Park Rides Lamborghini

32 amp 8m 6m 24

WONDER EXPRESS

Wou mer dëst Spill kaf hunn, hu mer entscheed, eppes Neies ze probéieren. Amplaz nach ee Karussell ze kafen, hu mer eis Sammlung mat engem Kannerzichelchen ofgeronnt, deen am Joer 2019 vu „Jung Max Sarl“ gebaut gouf. En erfëllt sämtlech Sécherheetsstandards mat sengem Beweegungssensor a sengen RGB LEDen, déi d’Schinnen an d’Emgéigend nuets beliichten.

Hiersteller : Jung-max Rides

32 amp 14x12m 3.5m 14

MAGIC BOURG

Dëst Kettekarussell huet säin Numm sengem mëttelalterlechen Ausgesinn ze verdanken, dat un eng al Buerg erënnert. Et ass 2013 vu „Park Rides Lamborghini“ gebaut ginn. Doduerch dass d’Sëtzer um ieweschten Deel vum Karussell festgemaach sinn, deen dréint, kréien d’Kanner d’Impressioun, si géife fléien. Wann et waarm dobaussen ass, profitéieren se ausserdem vun enger frëscher Brise.

Hiersteller : Park Rides Lamborghini

 

16 amp 10m 5m 20

GOLDEN LADY

Golden Lady verdankt säin Numm der Gëlle Fra, dem Monument du souvenir an der Stad Lëtzebuerg. Et fënnt een e gemooltent Bild vun hir hannen op der Keess vum Karussell. Et ass dat Karussell, wat am dacksten ausgeléint gëtt, well et am séiersten opgeriicht ka ginn. Et gouf 2017 vun der nämmlechter Firma gebaut, déi och eist Karussell Blue Galaxy krééiert huet, „Kolmax Plus“.

Hiersteller : Kolmax Plus

16 amp 7m 5m 28

TRAMPOLINE BUNGEE

Mat Trampolinen a Bungee-Seeler ausgerüst, erlaabt dëst Spill, wat 2017 gebaut gouf, et véier Kanner gläichzäiteg esou héich ze sprangen, wéi se kënnen, natierlech vun de Seeler geséchert. Se kënne souguer probéieren e Salto ze man. Et mécht richteg Spass!

Hiersteller : Kolmax Plus

220V   10 x 10m 7m 4

BLUE GALAXY

Zwësche März an Oktober ass dëst Karussell, dat sech ganz dem Thema Galaxie widmet, op der Esplanade zu Réimech a Betriib, mat enger beandrockender Vue iwwert d’Musel. Et gouf 2018 vun der Firma „Kolmax Plus” gebaut an et kann natierlech och fir Events ausgeléint ginn.

Hiersteller : Kolmax Plus

16 amp   7m 5m 28

JUNGLE
TOUR

WONDER
EXPRESS

MAGIC
BOURG

GOLDEN
LADY

TRAMPOLINE
BUNGEE

BLUE
GALAXY