MIR WËLLE WËSSEN

WAT DIR DENKT

Wann Dir iegentwelch Froen, Iddien oder Pläng hutt, schéckt eis w.e.g. ee Message a mir äntwerten Iech esou séier wéi méiglech. Scrollt erof a fëllt de Formulaire aus oder schéckt eis ganz einfach eng E-Mail.

MOIEN

KONTAKT

15, Rue Paul Albrecht
L-1151 Cents, Luxembourg

+352 661 774 883

info@satigoround.lu

Méindes bis Samschdes
08:30H – 18:00H

FAQ

Wéi vill Volt sinn néideg, fir ee Spill ze bedreiwen?

D’Location sollt eng Staarkstroum-Leitung zur Verfügung stelle kënnen.

Hutt Dir ee Sécherheets-Certificat?

Oh jo ! Sécherheet ass eis héchste Prioritéit a mir kënnen Iech de Sécherheets-Certificat gären aushännegen, wann dir eis frot.

Wee këmmert sech ëm den Opbau an d’Bedreiwe vum Karussell?

Mir bidden Iech ee Rundumpaket. Eist Team vun ausgebiltem Personal bréngt d’Spill op d’Plaz vum Event, baut et do op, a bedreiwt et uschléissend. Dir braucht Iech ëm näischt ze këmmeren!

Wéi ginn är Präisser gerechent?

Dat hänkt vun verschidde Fakteuren of. Befier mer e Präiss rechnen, musse mer folgend Informatiounen vun Iech kréien: Watfiree Spill interesséiert Iech? Wéivill Deeg/Stonne wëll Dir et léinen? Wou wëll dir et opriichten loossen? Wéivill Stonnen wäert d’Spill a Betrib sinn?

Fir watfireng Zort vun Events offréiert Dir Är Servicer?

Mir sinn oppe fir all Zort vun Event, mee bis elo waren eis am meeschten gebuchten Events: Firmen-Familljendeeg, Festivalen, Duerf- a Stadfester, Gebuertsdagspartyen oder souguer Hochzäiten.

A watfirenger Regioun offréiert Dir Är Servicer?

Lëtzebuerg an d’Groussregioun sinn eist Asazgebitt. Events ausserhalb vun dëser Regioun sinn awer méiglech, mee wéinst dem méi komplexe Plangungs- an Aarbechtsopwand sinn se deementspriechend méi deier.

Bidd Dir Remisen un fir Charity Events?

Jo, maache mer! Wann dir een Charity Event organiséiert, erzielt eis dovunner a mir maachen Iech e gudde Präis.

Stellt Dir Leit an, déi en Deelzäit-Job sichen?

Jo! Heiansdo stelle mir Studenten an, déi en Deelzäit-Job sichen, meeschtens, wann ee grousst Event virun der Dier steet! Wann der also interesséiert sidd, hannerloosst eise e Message!